top of page
  • AutorenbildTina Koch

Ried LSAP Landeskongress 03/2022

Léif Komerodinnen a Komeroden,


ech begréissen iech, hei zu Veianen am Sall, ewéi och online, ganz häerzlech op eise Kongresser vun haut. Och wann ech muss zouginn, datt ech schonn e bëssi nervös sinn, sinn ech frou, endlech nees virun iech um Riednerpult dierfen ze stoen.


Wéi ech ugefaangen hunn, mech politesch z’engagéieren, hunn ech ni gemengt, datt ech emol misst vun engem Krich an Europa schwätzen. Mam Amarsch vu Russland an d’Ukrain huet den Autokrat Putin all eis europäesch Wäerter mat Féiss getrëppelt. Meng Gedanke sinn elo bei all de Mënschen, déi ënnert dësen onmënschlechen Zoustänn musse léiden!


Déi lescht zwee Joer ware keng einfach Joer fir kee vun eis, awer mir sollen elo eis Léieren doraus zéien an un deene Punkte schaffen, wou et wärend der sanitärer Kris e bëssi gehappert huet:

  • D´Feele vum Personal an de Gesondheetsberuffer a Medezinner um Terrain. Besonnesch hei am Norden hu mir ëmmer méi Probleemer e Generalist an all Gemeng ze hunn, a mir géifen eis iwwer eng weider Maison médical hei am Norde freeën, nieft der Poliklinick/Urgence zu Wolz.

  • E weidere Probleem war de Chaos an der Educatioun wärend der Pandemie.

  • An dann d´Logementskris: Och hei am Norden explodéiere Präisser. Virun allem, wa mir dovu schwätzen, datt mir eis Haiser energieaarm renovéiere sollen, stellen ech mir vill Froen. Kuckt nëmmen hei zu Veianen, wéi vill schéi kleng al Haiser et hei ginn, a wien do dra wunnt, déi geplangte Mesure mussen onbedéngt sozial ofgefiedert ginn.

  • Strukturell Gewalt géint Fraen: Den OGBL Equality huet rezent eng Etüd zum Sexismus op der Aarbechtsplaz virgestallt. Des Ëmfro wéist kloer, datt et hei Handlungsbedarf gëtt!

Sou, an elo genuch negativ Energie verspreet. Well vill méi wichteg ass et, sech virun Aen ze féieren, wat eis Mandatairen alles geleescht hunn.


Ugefaange mat eiser Krisemanagerin, ouni déi mir riicht an d'Mauer gerannt wiere.


Merci Dir Paulette fir Däin onermiddlechen Asaz déi lescht Joren.


Och e grousse Merci gëllt hei dem Rom, deen dofir gesuergt huet, datt de Portmonni op war an déi sozial Mesuren och konnte bezuelt ginn. Den Dossier vun der Akademiséierung vum Personal an de Gesondheetsberuffer, déi um Bett vum Patient schaffen, ass no vir gedriwwe ginn, ee grousse Merci de Ministere vun der Santé a vun der Sécurité social, awer et géif wierklech Zäit ginn, wann är Regierungskolleegen och endlech géifen erwächen an är Iddien elo zäitno a propper géifen ëmsetzen.


A wa mir schonns bei der qualitativer Fleegebetreiung sinn, zu enger holistescher Fleegebetreiung, gehéieren och Fleegeindikatoren an de Strukture fir eis eeler Mënschen. Et heescht elo eis Altersheemer anescht opzestellen, se ze moderniséieren an nei Konzepter eran ze bréngen. Mir mussen eis Altersheemer fit maache fir déi nei „Eeler Generatioun“, fir dat och si sech do wuel fillen an eng qualitativ Fleeg garantéiert bleift.


Ee Merci gëllt dem Taina, dat dofir gesuergt huet, datt eis Gemenge weiderhi hir Projeten no fir dreiwe kennen.


Och dem Franz, dee séier ee Kriseplang fir d´Wirtschaft stoen hat, wëll ech Merci soen.


Och wann den Dan, engt menger Meenung no, komescht Gesetz, mat enger 60-Stonne-Woch duerchgewonk huet, huet och hien alles gemaach, fir dat am Aarbechtssecteur alles weidergelaf ass.


Merci och Dir Jang fir Däin onermiddlechen Asaz an der Aussepolitik.


Besonnesch Freed huet mir gemaach, datt eis regional Produkter nees méi eng Wichtegkeet kritt hunn. Leit si nees méi direkt bei de Bauer akafe gaangen. Claude, hei musse mir onbedéngt derfir suergen, datt dëst esou weider geet, an eis Baueren dee Präis kréie, mat deem si och hiert d´Liewe bezuele kënnen.


Een éischte Schratt no vir, wat d´Mobilitéit am Norden ugeet, ass och de Bau vum Park and Ride zu Ëlwen op der Gare. Esou Parkinge géife mir eis op méi Plaze wënschen.


Weider ferme Fuerderunge vum Nordbezierk sinn den Ausbau vun der N7 op véier Spueren an de Contournement Housen an Ettelbréck, fir dat d´Liewen an eisen Dierfer a Stied nees méi liewenswäert gëtt.


Bei all deenen Defie fir de Norde sinn ech awer och houfreg, datt mir elo de Weber Carlo als neie Mann, neien Deputéierten an der Chamber hunn. Ech si mir sécher, datt de Carel sech mat Häerz a Séil wäert fir de Norden asetzen, an déi wichteg Projete no vir dreiwen.


Vill Léit hunn an deene leschten zwee Joer och doheem renovéiert/ëmgebaut oder sinn elo nach amgaang, well d´Matière première feelt. Et ass nees ville bewosst ginn, ewéi wichteg e gutt ausgebilten Handwierker ass, an och dëse Beruff ass an der Kris erëm méi siichtbar ginn. Georges, elo heescht et deen Opschwong notzen an des Beruffer ze promouvéieren.


Vum Nationalen op dat Regionaalt: Et ass vill a gutt geschafft ginn an eise „roude“ Gemengen.


Ee vun eise Lokalpolitiker huet mech an der Virbereedung fir des Ried drop opmierksam gemaach, datt net alles roseg ass an datt nach vill Aarbecht muss gemaach ginn. Hien huet mir un d’Häerz geluecht, de rosa Brëll ganz séier ewechzeleeën an eis Kräften ze bündelen, fir zesummen een TOP Resultat z’erzilen.


Do zielen ech op jidder Eenzelen vun iech!


Well 2023 stinn esou gutt national ewéi och kommunal Walen un. Déi éischt Lëschte sinn amgaang erstallt ze ginn. Hei heescht et e gudden Equiliber tëschent erfuerenen an neie Leit ze fannen, awer och tëscht Männer a Fraen. Kompetenze vun deem engen oder anere mussen ervir gestrach ginn, mir als Partei mussen elo eis Leit siichtbar maachen, mat hiren Iddien, Visiounen a Pläng fir hier Gemeng.


Erlaabt mir och nach ee klenge perséinleche Message un iech all. Ech stelle mech haut um Landeskongress der Wal fir Vize-Presidentin vun der LSAP ze ginn. Ech géif mech freeën äert Vertrauen ze kréien, fir mech op dësem Wee aktiv un der Gestaltung an der Stäerkung vun der Partei fir d’Super-Waljoer 2023 ze bedeelegen. Dëst an enker Zesummenaarbecht mat deenen eenzele Strukture vun eiser Partei. Donieft ass et fir mech als Éislekerin och selbstverständlech mech weiderhi fir den Norde staark ze maachen, dee mir, wéi kéint et anescht och sinn, immens um Häerz läit.


Als Ofschloss wëll ech awer och nach dem Rom een häerzleche Merci soen. Eist Zuchpäerd aus dem Norde geet leider an d´Pensioun. Am Numm vum ganze Comité wënschen ech him eng schéin a laang Pensioun, bei gudder Gesondheet. An ech freeë mech, datt hien eis weiderhin am Comité erhale bleift.


Ee klenge Merci gëtt et och vun eis herno nom Landeskongress.


62 Ansichten0 Kommentare

Aktuelle Beiträge

Alle ansehen
bottom of page