top of page
  • AutorenbildTina Koch

Léif Matbiergerinnen a léif Matbierger,

den 8. Oktober ass e besonneschen Dag. Do wielt Lëtzebuerg e neit Parlament. Deen Dag ass et wichteg, un d´Zukunft vum Norde vum Land ze denken.


Eis Dierfer a Stied solle viruwuessen, fir wichteg ze bleiwen, an déi dofir néideg kritesch Mass ze behalen, sou datt och an Zukunft gutt an effektiv Strukturen bei eis am Norden kënnen ugebuede ginn. Eis staatlech Verwaltungen sollen am Norden bestoe bleiwen. Dëst gëllt fir d´Verwaltungen an d´Servicer mat all hiren Antennen, wéi zum Beispill d´CNS, d´SNCA oder den Enregistrement.

Et ass awer och wichteg, datt op der enger Säit eis kleng Dierfer am Norden hiren Duerfcharakter behalen. Op der anerer ass et onverzichtbar beim Plangen vun neie gréissere Gebaier och un abordabele Wunnraum a Geschäftsflächen ze denken, déi mam ëffentlechen Transport liicht z´erreeche sinn.


Doriwwer eraus sollen eis Dierfer a Stied inklusiv gestalt ginn, esou dat den ëffentleche Raum fir jiddereen, op jonk oder al, sécher ass. Et ginn beispillsweis ëmmer nach ze vill Stolperfale fir Leit, déi Problemer mat den Aen hunn oder net méi gutt zu Fouss sinn. Et musse méi Plazen geschaf ginn, wou d´Kanner sécher dobaussen zesumme spille kënnen.

Dofir setzen ech mech an, datt eis Dierfer entschleunegt ginn, duerch méi Foussgängerzonen, méi Spillstroossen a méi Gréngflächen souwéi Contournemente, déi d´Dierfer vum Verkéier entlaaschten. Dat selwecht gëllt fir sécher Vëlosweeër an den Uertschaften. Dëst awer ouni de Foussgänger géint Vëlo, Auto, Bus oder Trakter auszespillen.


A punkto Famill musse mir deenen, déi eist Land an eist Liewen esou positiv gestalt hunn, gemengt sinn hei eis Senioren, hinne musse mir eng grouss Liewensqualitéit bidden, an et fäerdeg bréngen, hiert Wëssen, hir Experienz an hir Kompetenz anzesetzen, sief et am alldeegleche Liewen an der Gemeng, awer och spéider am Altersheem. Sécherlech missten heifir déi grouss Altersheem-Strukturen iwwerduecht an d´Méigeneratiounshaiser an d´“Betreit Wunnen” an de Mëttelpunkt gestalt ginn.


Des Weideren heescht et der Altersaarmut entgéintzewierken duerch sécher Pensiounen. Fir dëst ze finanzéieren, dierfen eng Transaktiounssteier an eng fair Besteierung vun der digitaler Wirtschaft keen Tabu méi sinn.


E weidert Thema, dat mir um Häerz leit, ass d´Santé. Pandemie huet eis geléiert, datt mir an d´Präventioun investéieren mussen. Fir d´Präventioun ze förderen, muss d´Medezin an d´Fleeg méi a Richtung Recherche orientéiert ginn. Dofir brauche mir an de Strukturen vun der Santé anstännegt Geschier fir d´Dokumentatioun, dat Donnéeë fir d´Recherche sammelt, woumat sech eise Gesondheetssystem stänneg weiderentwéckele kéint.


Net ze vergiessen sinn d´Gesondheetsberuffer. De vill beschwate Plang B an der Formatioun soll fir all Soignant ëmgesat ginn. En Audit iwwert d´Aarbechtskonditiounen kéint Iddie fannen, déi bei de Verhandlungen fir de Kollektivvertrag mat afléissen. D´Aarbechtskonditiounen sollen a mussen iwwer sektoriell Kollektivverträg verbessert ginn, fir eng effikass Work-Life-Balance ze garantéieren. Zum Beispill musse nach méi Aarbechtsplazen an den Ateliers protégés geschafe ginn an des Aarbecht dann och méi valoriséiert ginn.


Är Stemm stäerkt den Norden. Dofir wielt d´LSAP den 8. Oktober a suergt domat fir eng sécher a stabil Zukunft an eiser Regioun.


Léif Gréiss


Tina Koch


180 Ansichten0 Kommentare

Aktuelle Beiträge

Alle ansehen
bottom of page