Méin Numm ass Tina KOCH, ech si 45 Joer al a wunnen zu Eeselbur. Ganz am Norde vum Land, wou ech bis elo mäin ganzt Liewe verbruecht hunn. Ech sinn also ee richtegen Eislecker. An och stolz dorop!
Ech schaffen als Infirmière en prévention et contrôle de l’infection/ infirmière psychiatrique am CHNP. Säit de Sozialwahle sinn ech och als Personaldelegéierten am CHNP aktiv.
A mengem politeschen Engagement steet fir mech de Mënsch am Mëttelpunkt.
Ech setze mech gären fir anerer an, an esou laang nach ëmmer Léit duerch de System fale wou net vun eisem gudde Sozialnetz ofgefaange kenne ginn, well ech mech weider fir sozial Gerechtegkeet asetzen.
Fir Gerechtegkeet an ee solidarescht soziaalt a pluralistesch Bild wou all Mënsch déi nämmlecht Chancen huet an ee gutt Liewe féiere kann.
Ech sti fir eng participativ sozial Politik, wou ech vill Wäert ob Transparenz an Éierlechkeet leeën.
Awer och eng qualitativ Gesondheetsversuergung an en Recht ob en Liewen an Dignitéit sinn zentral Punkte wou ech mech asetze well.
Virun allem déi méi vulnerabel Léit (Senioren, de psychesch kranke Mënsch,...) leie mir um Häerz.
Comments