Tina Koch
CV
Aktualisiert: 20. März 2022
Méin Numm ass Tina KOCH, ech si 44 Joer al a wunnen zu Eeselbur. Ganz am Norde vum Land, wou ech bis elo mäin ganzt Liewe verbruecht hunn. Ech sinn also ee richtegen Eislecker. An och stolz dorop!
Ech schaffen als Infirmière psychiatrique am CHNP. Säit de Sozialwahle sinn ech och als Personaldelegéierten am CHNP aktiv.
Sozial Gerechtegkeet an eng Gesellschaft an der kee wéinst senger Hierkonft, senger Relioun, senger Hautfaarf, sengem Geschlecht oder sengem Milieu, benodeelegt gëtt sinn fir mech wesentlech Punkten.
Awer och eng qualitativ Gesondheetsversuergung an en Recht ob en Liewen an Dignitéit sinn zentral Punkte wou ech mech asetze well.
Virun allem déi méi vulnerabel Léit (den 3. a 4. Alter, de psychesch kranke Mënsch,...) leie mir um Häerz. Ob der Plattform psychiatrique probéieren ech déi och elo well esou gutt ewéi Méiglech ze vertrieden.
Als Member vum Conseil supérieur de certaines professions de santé (CSCPS), Presidentin vun der nationaler Berufskommissioun vun den Infirmiers psychiatrique, well ech awer och Léit an de Gesondheetsberuffer net vergiesse.
